Songtexte

Gëff mer nach eng Chance Ech weess, ech hunn der wéigedo Gëff mer nach eng Chance Ech weess et gëtt näischt méi ze son Gëff mer nach eng Chance Ech weess et ass eleng meng Schold Gëff mer nach eng Chance Ech weess du has genuch Gedold Gëff mer nach eng Chance Och wann ech keng méi hu verdéngt Gëff mer nach eng Chance Och wa mäi Gold laang net méi blénkt An gëff mer nach eng Chance Och wann et net fir d'lescht wärt sinn A gëff mer nach eng Chance Och wa meng Wieder näischt méi wäert sinn Ech ginn der nëmmen Stéiss Ech zéien dech duerch den Dreck Ech rennen dech mat Féiss An ech maachen dech bal vreckt Ech vergëften der däi Liewen Verpeschten d'Loft do wou's du bass Ech bréngen dech un d'Biewen An ech lossen d'Feierstëpp lo op dech lass Ech bréngen dech un d'Kachen An dréinen der de Krunn och zou Ech briechen der all d'Knachen Mat menger gäiler Ego-Show An du hues nie eppes gesot Op alle Fall krut ech näischt mat Mee du hues nie eppes gesot Da fänk och lo net un domat Fänk och lo net un domat Fänk och lo net un domat Du hues nie eppes gesot Da fänk och lo net un domat Fänk och lo net un domat Fänk och lo net un domat Du hues nie eppes gesot Da fänk och lo net un domat, hey Ooh, deen Aarmen Deen Armen, deen Aarmen, deen aarme klenge Mënsch So, Fissi, du hues näicht gecheckt Sot dunn d'Mama Äerd zum Mënsch Fir d'éischt schléis de alles vreckt A mengs du häss dann nach Recht op Wënsch Du hues vergiess vu wou's de kënns An du weess net wouhin's de gees Zerstéiers alles wat's de fënns Souguer de Gronn wou's du drop stees An ech si just mat dir geplot Du bréngst näischt mat an dëse Stot An ech hunn nie eppes gesot Wëll du hues och nie no mir gefrot Da fänk och lo net un domat Fänk och lo net un domat Du hues nie no mir gefrot Da fänk och lo net un domat Fänk och lo net un domat Fänk och lo net un domat Du hues nie no mir gefrot Da fänk och lo net un domat Ooh, Mama Äerd Ech sinn en Deel vun dir Gëff mer nach eng Chance Ooh, Mama Äerd Ech sinn en Deel vun dir Gëff mer nach eng Chance Ooh, Mama Äerd Ech sinn en Deel vun dir Gëff mer nach eng Chance Ooh, Mama Äerd Ech sinn en Deel vun dir Gëff mer nach eng Chance Ech sinn aus dengem Schouss An ech si vun dir gestärkt Vun do wou ech kommen Dohi ginn ech lo zréck Ooh, Mama Äerd Ech sinn en Deel vun dir Gëff mer nach eng Chance
Writer(s): Serge Tonnar Lyrics powered by www.musixmatch.com
instagramSharePathic_arrow_out