album cover
Wat Bleift
album cover
Wat Bleift was released on November 23, 2019 by Schëppe Siwen as a part of the album Wat Bleift
November 23, 2019
LabelSchëppe Siwen
LanguageGerman
BPM
Melodicness
Acousticness
Valence
Danceability
Energy

Lyrics

Alles kënnt erëm, mä a wéi enger Form?
Wat gëschter tabu war, ass haut scho vläit d'Norm?
Dat eenzegt wat bleift, an dat ass bestänneg
Dass alles wat ufänkt, och iergendwann endegt
Wat bleift dir nach Rescht wann d'Moral bis verschwënnt?
D'Déier déif an dir, lues a lues gewënnt!
Jiddweree fir sech a kee kritt gehollef
Jo dann ass de Mënsch, deem aneren ee Wollef!
Alles kënnt erëm, mä a wéi enger Form?
Wat gëschter tabu war, ass haut scho vläit d'Norm?
Dat eenzegt wat bleift, an dat ass bestänneg
Dass alles wat ufänkt, och iergendwann endegt
Eng Welt déi sech ännert, verännert och dech!
A wann alles sech ännert, sinn d'Ränner verwëscht!
Huet richteg a falsch nach deen nämmlechte Wäert?
Oder kritt erëm dee Recht, deen am häertste bläert?
Alles kënnt erëm, mä a wéi enger Form?
Wat gëschter tabu war, ass haut scho vläit d'Norm?
Dat eenzegt wat bleift, an dat ass bestänneg
Dass alles wat ufänkt, och iergendwann endegt
Haut gees du mat der Zäit, a mat der Zäit vergees du!
Iwwert den Ofgang ze schwätzen, dat bleift en Tabu
D'Wësse vum Enn ass d'Kraaft déi ons dreift
D'Wierder verschwannen, mä d'Idee déi bleift!
Alles kënnt erëm, mä a wéi enger Form?
Wat gëschter tabu war, ass haut scho vläit d'Norm?
Dat eenzegt wat bleift, an dat ass bestänneg
Dass alles wat ufänkt, och iergendwann endegt
Written by: Jean-Marc Wagner
instagramSharePathic_arrow_out􀆄 copy􀐅􀋲

Loading...