Music Video

Credits

COMPOSITION & LYRICS
Luc Guillaume
Luc Guillaume
Songwriter
Michel Guillaume
Michel Guillaume
Songwriter
Bob Leick
Bob Leick
Songwriter
Laurent Peters
Laurent Peters
Songwriter

Lyrics

Eng Monarchie, wat ass dann dat? E Chef mat enger Kroun Den Iewechsten vun eisem Staat Mat Palais, Schlass an Troun E mëscht sech awer seelen an E kënnt aus guddem Haus D'Regierung schafft a sengem Numm Politesch ass e raus Mä sténken d'Lompe mol ze vill Ass Zodi um Krautmaart An der Chamber fléien d'Still Eng Neiwal déi gëtt haart Mir liewen an der Monarchie, spannend mä wat leeft? Ech wëll dat gär verstoen, wiem een da lo gleeft? Der Première oder Premier, dem Grand-Duc, wiem da lo? D'Mëschung dat ass d'Äntwert, op des schwéier Fro D'Verfassung dat ass d'Reegelbuch Wat däerf en a wat net De Maréchal vu sengem Haff Begleet op Schrëtt an Trëtt Vill Reese mécht e ronderëm d'Welt E Branding fir eist Land Dat bereet him ganz vill Freed A mécht eis méi bekannt De Groussherzog huet ausgesuergt Well Kanner huet e vill Deen éischten an der Rei kënnt drun D'Kroun bleift an der Famill Mir liewen an der Monarchie, spannend mä wat leeft? Ech wëll dat gär verstoen, wiem een da lo gleeft? Der Première oder Premier, dem Grand-Duc, wiem da lo? D'Mëschung dat ass d'Äntwert, op des schwéier Fro Als eenzege Grand-Duc weltwäit En Unikat seet een Am Numm de son Altesse Royal Vergësst sou séier keen Am Juni jo do ass säin Dag Vive den Heng gëtt do gebläert Owes e grousst Fest gemaach Dat gouf scho laang gekläert Ob Wëllem, Adolphe, Adelhaid Ob Charlotte, Jang Henri Onofhängeg wëll' mer bleiwen An d'Fräiheetssonn gesinn Mir liewen an der Monarchie, spannend mä wat leeft? Ech wëll dat gär verstoen, wiem een da lo gleeft? Der Première oder Premier, dem Grand-Duc, wiem da lo? D'Mëschung dat ass d'Äntwert, op des schwéier Fro Mir liewen an der Monarchie, spannend mä wat leeft? Ech wëll dat gär verstoen, wiem een da lo gleeft? Der Première oder Premier, dem Grand-Duc, wiem da lo? D'Mëschung dat ass d'Äntwert, op des schwéier Fro
Writer(s): Michel Guillaume Lyrics powered by www.musixmatch.com
instagramSharePathic_arrow_out