Lyrics

Looss de Kapp net hänken, et wäert ëmmer weider goen Vergiess dat mat deem Denken, looss einfach alles stoen Egal wei schäiss et leeft, kuck no vir an net zréck Vergiess dat wat war, virun dir läit däi Gleck! Looss dech dach net hänken, mä so wats du wëlls soen Et wärt keen dir eppes schenken, du muss selwer eppes woen Alles wat sou schleeft, dat huet dech just erdréckt Vergiess dat wat war, virun dir läit däi Gléck! Däin Schied deen trëppelt virun dir Du leefs him no, kenns net no vir Bass agespaart am gliesene Schlass Dat dach scho laang a Schierbelen ass Baus dir am Kapp deng Mauer op Lees weider Steng andauernd drop Mëss sou laang weider mat deem Schäiss Bis dass du soss näischt méi gesäis Looss de Kapp net hänken, et wäert ëmmer weider goen Vergiess dat mat deem Denken, looss einfach alles stoen Egal wei schäiss et leeft, kuck no vir an net zréck Vergiess dat wat war, virun dir läit däi Gleck! Looss dech dach net hänken, mä so wats du wëlls soen Et wärt keen dir eppes schenken, du muss selwer eppes woen Alles wat sou schleeft, dat huet dech just erdréckt Vergiess dat wat war, virun dir läit däi Gléck! Deng Wochendeeg déi änelen sech D'Erënnerunge quälen dech Du bass mat dir och vill ze streng Mëss dech doduerch just selwer kleng Däin Kapp dee platzt, däin Häerz dat klappt Deng Plack déi hänkt, wat fäertste nach? Spiers d'Laascht vum Mantel wéi se dréckt An dech dobäi ganz lues erstéckt Looss de Kapp net hänken, et wäert ëmmer weider goen Vergiess dat mat deem Denken, looss einfach alles stoen Egal wei schäiss et leeft, kuck no vir an net zréck Vergiess dat wat war, virun dir läit däi Gleck! Looss dech dach net hänken, mä so wat's du wëlls soen Et wärt keen dir eppes schenken, du muss selwer eppes woen Alles wat sou schleeft, dat huet dech just erdréckt Vergiess dat wat war, virun dir läit däi Gléck! Oh-oh-oh Looss alles zréck Oh-oh-oh Virun dir läit däi Gléck Oh-oh-oh Looss alles zréck Oh-oh-oh Virun dir läit däi Gléck
Writer(s): Jean-marc Wagner Lyrics powered by www.musixmatch.com
instagramSharePathic_arrow_out